Chambre de Commerce‬ lädt Sie zu einer Veranstaltung ein

#ReAct – Nei Zousaz Hëllefen erkläert vum Wirtschaftsministère (Mëttelstand) & der Chambre de Commerce

Über dieses Event

Am Kontext vun der Covid-19 Kris huet d'Generaldirektioun vum Mëttelstand vum Wirtschaftsministère zousätzlech Moossnamen a Platz gesat.

Nodeem si vill Moossname getraff hunn fir d'Entreprisen z'ënnerstëtzen, huet d'Regierung säi Stabiliséierungsprogramm ugepasst. Eng nei Mesure gëtt dëse Mëttwoch gestëmmt.

Dës Mesure gëllt als zousätzlech Ënnerstëtzung a Form vun enger net remboursabler Hëllef an den Uwendungsberäich vun den Aktivitéite gëtt erweidert.

Entdeckt mat der Generaldirektioun vun de Mëttelklassen vum Wirtschaftsministère ënner anerem dës nei Hëllef:

  • D'Modalitéite vun dëser neier Moossnam
  • Kandidatur Critèren a Konditioune
  • Prozedur fir Demande anzereechen

Programme

  • Introduktioun Chambre de Commerce
  • Präsentatioun vum Gilles Scholtus, Wirtschaftsministère, Generaldirektioun vum Mëttelstand
  • Froen & Äntwerten

Duerno kritt dir eng allgemëng Iwwersiicht iwwert all Mesuren déi a Plaz gesat sinn.

#ReAct

Fir Betriber ze ënnerstëtzen, deenen hir Aktivitéiten vun der Covid-19 Gesondheetskris betraff sinn, lancéiert d’House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce de Projet "#ReAct". Zil ass et de Betriber no ze lauschteren, déi vun dëser Kris getraff sin, fir se besser ze verstoen wou se stinn, a zesummen mat hinnen ze schaffe fir e konkreten Aktiounsplang ze definéieren fir d‘Relance ze preparéieren an en gratis Accompagnement vun Experten ze offréieren.

Fannt hei méi Informatiounen : www.cc.lu/covid19/react

Contact

D’House of Entrepreneurship beäntwert Är Froen zu verschidden Themen.

Helpline: (+352) 42 39 39 - 445, Schaffdeeg, 9.00 bis 12.00 an 14.00-17.00

E-mail : covid19@houseofentrepreneurship.lu 

Chambre de Commerce

Powering Business

La Chambre de Commerce Luxembourg via sa House of Entrepreneurship soutient les entreprises et propose une offre consolidée de services aux porteurs de projets et aux dirigeants établis pour faciliter la vie de l’entrepreneur et de lui permettre de se développer.