À propos de cet événement
A sengem Nationalen Energie- a Klimaplang gesäit Lëtzebuerg vir, dat bis 2030 49% vun den ugemellten Autoen elektresch oder Plug-In Hybride bedriwwe ginn.
Am Juli 2020 gouf ee Subsideprogramme fir Luedinfrastrukture fir Privatleit etabléiert. Dësen ëmfaasst d’Primme “Clever fueren” fir de Kaf vun engem Elektroauto ze encouragéieren a “Clever lueden” fir d’Ënnerstëtzung bei der Installatioun vu private Luedstatiounen.
Fir dësen Dispositif z’ergänzen, preparéiert d’Regierung d’Aféierung vun engem neien Aidenrégime zu Gonschte vun Entreprisen déi a Luedinfrastrukture fir elektresch Gefierer investéieren.
Zwou verschidden Hëllefe sinn hei virgesinn:
Op Initiativ vum Wirtschaftsministère a vum Ministère fir Energie a Landesplanung, mat der Ënnerstëtzung vu Luxinnovation a Klima-Agence, gëtt dësen Informatiounswebinar proposéiert fir d’Detailer vun dësem neien Dispositif, esou wéi d’Virdeeler, déi d’Entreprise vun dësem Land dorausser zéie kënnen, ze präsentéieren.
Proposé par